Mir sin eng engagéiert Theaterekipp déi elo dat zweet Stéck fir Kanner op d’Been gesat huet. No dem groussen Erfolleg ‚Den Oskar leet een Ee‘ spille mir elo dat flott Stéck ‚An der Geeschterschoul‘. Dir ënnt eis buchen, mir komme gäeren an är Schoul oder äre Festsall spillen. Schéckt eis eng email fir méi Informatiounen ze kréien.
Em wat geet et?
Déi dräi jonk Geeschter Isidor, Gertie a Leo si Frënn déi beim Professer Héngerhaut an d’Schoul ginn. Fir “richteg” Geeschter ze ginn, mussen si awer nach vill léieren, wéi zum Beispill duerch Mauere goen oder den eegene Kapp erofschrauwen.
D’Geeschter mierke séier wéi wichteg et ass an der Klass opzepassen, fir sech net an d’Laberenten ze bréngen. Ënnerwee brauche si d’Hëllef vun de Kanner fir geheim Stoppen ze knacken, eng Geeschterfal opzemaachen a Geeschterjeeër mat Zauberspréch ze bekämpfen! Eng schéin, spannend a witzeg Geschicht, an där ënnerwee eppes iwwer Frëndschaft, Angscht a Courage erzielt gëtt.
Iwwer eis
Mir sinn eng engagéiert Ekipp déi och am Wanter Kaméidistécker spillt, an déi elo eisen zweet Projet fir Kanner op d’Been gesat huet.
Et spillen mat :
- Colette Emering-Storn
- Annette Junker-Fohl
- Paul H. Keltesch
- Géraldine Posing
- Mim Schmit
- Luc Schumacher
- Marco van Maris
Desweideren hun un dëser Produktion gehollef:
- Regie : Denise Nicolay-Mohnen
- Regieassistenz : Joanne Wilmes-Steichen
- Text : Alain Weber an Denise Nicolay-Mohnen
- Bühn : Luc Schumacher an Marie-Andrée Rosselet-Pauwels
- Kostümer : Liette Baatz-Flammang
Blog
Mir sin erëm ennerwee!
No Coronabedingter Paus, si mir endlech mat eisem neie Stéck ‚An der Geeschterschoul‘ erem ennerwee. D’Première war den 4. Juli zu Fréiseng, an den 8. Juli hate mir zu Buurschent eist Heemspill. War richteg flott, et huet eis super Spass gemach an d’Kanner waren och begeeschtert.
Kontakt
Kuliss asbl, 7 Burewee, L-9140 Buurschent